fiscalite

Comptabilitéit & Fiscalitéit

Eis diploméiert Comptabel halen är Comptabilitéit ëmmer um neisten Stand, beaarbecht är Steiererklärung an deposéiert ären Bilan am Registre de Commerce an am eCDF.
D’TVA Erklärung gëtt mat grousser Suergfalt iwwert den Portal eTVA un den Enregistrement geschéckt.
Zousätzlech bidden mir Iech eng Finanz Analyse un, sou wei och eng Rentabilitéitsberechnung an mir probéieren ëmmer är Froen sougut wei méiglech ze beäntwerten.

En savoir plus
secretariat social

Loun Büro

Eis Equipe vum Loun Büro begleet Iech bei der Gestioun vun ärem Personal. Nieft den Salaire Berechnungen pro Mount, ginn all administrativ Aarbechten gemaach, déi nom Gesetz hier mussen gemaach ginn.

En savoir plus

Fiduciaire - Comptable Lucien Funck S.à.r.l

D’Fiduciaire-Comptable Lucien Funck Sàrl gouf den 01. Mäerz 1984 gegrënnt. Vun do un sinn mir een vertraulechen Partner fir déi kleng an mëttelstänneg Betriber.
Eis 15 Mataarbechter(innen) stinn Iech opmierksam zur Säit fir Iech ze beroden.
Mir schaffen mat grousser Diskretioun an mir garantéieren Iech eng präzis, uerdentlech an schnell Beaarbechtung vun ären Dossier.